TMZ an och de Rolling Stone mellen, dass eng Corona-Infektioun zu Komplikatiounen a schlussendlech zum Doud vum Spector gefouert huet.

De Phil Spector soll viru 4 Wochen am Prisong positiv op de Virus getest gi sinn a koum e wéineg spéider an d'Spidol. Do hätt sech säin Zoustand verbessert, sou dass hien nees zeréck an de Prisong konnt. Kuerz drop allerdéngs huet de Produzent Problemer mam Ootme kritt, sou dass hien nees misst stationär behandelt ginn. E Sonndeg ass de Spector dunn am Spidol gestuerwen.

De Museksproduzent gouf am Abrëll 2009 wéinst Doudschlag schëlleg gesprach a souz zënterdeem am Prisong a Kalifornien. Hien hat am Joer 2003 d'Schauspillerin Lana Clarkson erschoss a gouf dofir zu 19 Joer Prisong verurteelt.

Bekannt war de Produzent virun allem fir seng "Wall of Sound", also sengem vollen onverwiesselbare Klang bei senge Museksproduktiounen, e Sound, deen an de 60er Jore vun him entwéckelt gouf. Hie gëllt ënnert anerem fir de Rolling Stone zu den 100 gréisste Museker vun allen Zäiten.