De Lëtzebuerger Trompettist a Komponist Gast Waltzing ass bekannt derfir, geleeëntlech d'Konventiounen e bëssen ëmzestoussen.

Och dëst Joer hat den Neijoerschconcert am Escher Theater net vill mat traditionelle Strauswalzer ze dinn. Den Nationalen Jazzorchester hat sech mat der Sängerin Morgane Ji, déi op der Insel La Réunion gebuer an a Frankräich opgewuess ass, zesumme gedoen, fir eng markant Perséinlechkeet mat enger markanter Stëmm ze presentéieren.

Hir Zesummenaarbecht mam Gast Waltzing war eng musikalesch Aventure, wat hir, dem Public an dem Orchester eppes Neies bruecht huet. Dem Morgane Ji hir Stëmm ass gläichzäiteg rau an douce, animalesch a mystesch. Aus hir schwätzt eng Kämpferin an eng sensibel Séil. Eng Stëmm, déi sech géint en Jazzorchester behaapte muss, dee vun senger Natur aus positiv aggressiv ass.

Fir den Nationalen Jazzorchester war et en Optrëtt no laanger Zäit Abstinenz an d'Routine, déi feelt dann um Ufank. Zesummen ass ni sou einfach wéi eleng. Um Enn hëlleft et dann, dass ee Profi ass.