Ënnert de Kënschtler, déi bei der Aktioun matgemaach hunn, si beispillsweis d'Miley Cyrus, d'Madonna, BTS oder d'Foo Fighters.

Den Erléis vun der Auktioun goung un d'Stëftung "MusiCares", déi US-amerikanesch Kënschtler ënnerstëtzen. Och an den USA fäerte jo Sänger a Schauspiller, sou wéi d'Personal an der Branche, ëm hir finanziell Existenz, dat op Grond vun der Pandemie.

Den héchste Präis, deen an zu Beverly Hills a Kalifornien fir de gudden Zweck gebuede gouf, war fir T-Shirten a Boxe vun der südkoreanescher Formatioun BTS, esou d'Auktiounshaus "Julien's". Ee Fan huet d'Kollektioun, déi d'Sänger am Museksvideo "Dynamite" unhaten, fir 130.000 Dollar ersteigert. Mat deem Lidd ass BTS 2020 den Duerchbroch an den USA gelongen.

En absolutten Highlight bei der Auktioun war dann ënnert anerem och e Pärele-Kleed, dat d'Sängerin Madonna am Museksdrama "Evita" unhat. Hei goufen 8.000 Dollar bezuelt. E Balletstrickot vum Britney Spears, dat hat als klengt Meedchen unhat, huet 5.000 Dollar abruecht an e Kleed vum Miley Cyrus, dat aner der Serie Hannah Montana gedroe gouf, ass fir 700 Dollar verkaf ginn. Zwee Hitt vum Michael Jackson war engem Fan 4.500 Dollar wäert.

Dobäi koumen, ënnert villen anere Objeten, dann nach zum Beispill en Drum-Fell, Gittaren, Bicher a Fotoe vun der Rockband Foo Fighters, eng signéiert Postkaart vun ABBA, Bicher a Vinylsplacke vum Patti Smith an eng Prada-Posch vum Nicole Kidman.