Nodeems si hire Projet zweemol hu misse verréckelen, präsentéiert de Lëtzebuerger Centre de Création Choréographique TROIS C-L elo den „1+1 au 3“.

Dofir hunn 12 Lëtzebuerger Kënschtler e Stéck kreéiert, wat si jeeweils engem Spectateur weisen. Matten dran ass den 23 Joer alen Dänzer Isaiah Wilson. D’Valeria Wiwinius huet de jonken Artist kennegeléiert an hie bei de Virbereedunge fir de groussen Dag begleet.

Den Isaiah Wilson ass en interdisziplinäre Kënschtler, dee gäre mat Contrainten experimentéiert. No senge Studien un der Universitéit Codarts zu Rotterdam huet den 23 Joer ale Lëtzebuerger e Stage bei der renomméierter Danz-Kompanie ICK Amsterdam gemaach. De leschten August ass hien erëm zeréck op Lëtzebuerg geplënnert.

Déi lescht dräi Wochen huet hien u senger virtueller Performance „Passenger“ geschafft. Dës gëtt am Kader vum TROIS-C-L-Format „1+1 au 3“ iwwer Zoom gewisen.

Bei „Passenger“ ass de Spectateur e Bäifuerer. Esou kritt een dann och hautno mat wéi den Autosfuerer, no engem beonrouegenden Telefonsgespréich, ëmmer méi de Kontakt zur Realitéit verléiert. Obschonns d’Stéck vun eiser Zäit gepräägt ass, soll den Theater dem Spectateur awer och eng gewëssen Distanz zum Alldag ginn.

„Passenger“ ass eent vun 12 Stécker, déi den 3. Februar an der Banannefabrik via Zoom gewise ginn.