Vun e Mëttwoch bis e Sonndeg trieden ënnerschiddlech Kënschtler um Belval op. Fir d'Sécherheet vun de Leit ze garantéieren, gëtt jidderee virdru getest.

Virun engem Joer wier dëst keng Nouvelle gewiescht, ma Mëtt Februar 2021 gesäit et allerdéngs anescht aus. E Mëttwoch den Owend ass nämlech e Concert an der Rockhal virgesinn. Dee leschte war am Mäerz 2020 an der Concertshal um Belval. Trotz Reouverture ass et kee musikalescht Evenement, wéi mer et vu virun der Pandemie kennen.

Geplangt ass eng Serie vu Concerte bis nach e Sonndeg mat. Et soll en Experiment sinn, zesumme mat der Santé, bei deem all Dag 100 Leit drun deelhuelen, ënner strengste Mesuren. Dat muss natierlech gereegelt oflafen an do virdrun och jidderee getest ginn.

Den Optakt mécht e Mëttwoch de belschen instrumental Duo Glass Museum mat engem 360° Piano-Batterie-Concert.

En Donneschdeg erwaart d'Spectateuren e Concert am Donkelen, schreift d'Rockhal op hirem Site. D'Leit ginn entféiert an déi abstrakt a faarweg Musekswelt vu Cleveland.

Jazz a Soul treffen e Freideg an der Rockhal openee mat Claire Parsons + Klein.

Metal-Frënn dierfte sech iwwert de Programm e Samschdeg freeën. Do wäerte Fusion Bomb fir Stëmmung suergen.

Den Ofschloss vun dëser Serie maache C'est Karma a Francis of Delerium mat engem 360° Akustik-Concert.

Weider Infoe fannt Dir an eisem Video-Reportage aus dem Magazin.

Den Olivier Toth am Interview
Mir hu mam Direkter vun der Rockhal iwwer d'Reouverture geschwat.