Zäitgenëssesch klassesch Musek vu Lëtzebuerger Komponisten: Da ass d'Thema vun enger neier CD, déi vum Ensemble Kammerata Luxembourg opgeholl gouf.

D'Virstellung war am Trifolion zu Iechternach. De Régis Thill war fir eis an d'Prouf, fir eng Impressioun matzebréngen, an hien huet mam Marc Jacoby, President vu Kammerata, geschwat.

Echo vum Hierscht a vum Liicht, sou heescht d'CD. 4 Komponisten, déi Lëtzebuerger sinn oder Lëtzebuerg nostinn, hu 5 Wierker komponéiert, déi sech mam Thema auserneesetzen. De Camille Kerger, Marcel Reuter, Markus Brönnimann a Georges Lentz stinn, wéi all Lëtzebuerger, ënnert dem Afloss vu verschiddene Kulturen, an dat spigelt sech an hire Wierker erëm.

Et ass natierlech sou, dass den Zougang zu zäitgenëssescher Konscht, an eben och Musek, net einfach ass. Duerfir gëtt et am Concert och e puer Explikatiounen, a virun allem huet Kammerata e pedagogesche Projet fir Jugendlecher envisagéiert.

D'Wierker gi bei dëser Geleeënheet och opgefouert an et soll en Austausch mat de Jugendlechen entstoen. Zäitgenëssesch Musek baut manner op Melodien op, déi ee kéint nosummen, mee éischter op Klangfaarwen a Klangbléck. Duerfir ass et noutwendeg, driwwer ze schwätzen, an eis Oueren e bëssen anescht ze gewinnen.