Mat Hits wéi "Thinking Out Loud" oder "Shape Of You" gehéiert den Ed Sheeran zu engem vun den erfollegräichste Museker weltwäit.

Ganz corona-konform huet hien net grouss a säi Gebuertsdag eragefeiert, mee am enkste Familljekrees. An der Lescht ass et souwisou roueg ëm de Kënschtler ginn. Millioune vu Fans waarden ongedëlleg op säi Comeback. Chrëschtdag 2019 hat hien nämlech annoncéiert, eng Paus vum Sangen a Lidderschreiwen ze maachen. "Ech ginn offline, bis d'Zäit nees räif ass, fir zeréckzekommen", hat hien op Instagram matgedeelt. Zil war et, mol nees duerchootmen a reesen ze kënnen.

Och wann et déi lescht Méint no bausse roueg ëm hie war, war et a sengem private Liewen alles anescht wéi roueg. Am September koum nämlech seng Duechter Lyra Antarctica op d'Welt.

Ganz op Musek kann de mëttlerweil 30 Joer alen englesche Sänger awer net verzichten. Als Iwwerraschung hat hie kuerz viru Chrëschtdag en neit Lidd op Instagram verëffentlecht a mat "Afterglow" Hoffnung op en neien Album gemaach. E Wonsch, deem de Songwriter awer net nokënnt. Dëst wier net déi éischt Single vun engem neien Album, mee just e Lidd, hat hien immens gär hätt.

Mëttlerweil zielt hie bal 50 Milliounen Abonenten op Youtube an iwwer 30 Milliounen op Instagram. Donieft huet hien iwwer 150 Milliounen CDe verkaf an eng Partie renomméiert Präisser gewonnen, dorënner Grammyen a Brit Awards.