Zanter Mäerz lescht Joer sinn déi grouss an déi mi kleng Concertshale ganz zou. Nëmmen vereenzelt Concerten ënnert strikte Mesurë ware bis elo méiglech.

Mir stellen Iech 4 verschidde Café-Besëtzer vir, déi méi maache wéi Gedrénks verkafen. Et sinn déi kleng Concertsorganisateuren - d'Kultur-Caféen a Baren, déi Alternativen zu de Mainstream-Concerten ubidden.

De Gudde Wëllen an der Stad

Ëm di 80 Evenementer d’Joer huet de Gudde Wëllen virun der Pandemie organiséiert. Vu Concerten, Stand-up-Comedians, bis Theater a Liesungen. De Kulturcafé, deen et zënter 2014 gëtt, steet fir en Zesummekommen, mënschlech a kulturell. Di kleng Bün um éischte Stack huet iwwert d’Jore scho fir vill där Rencontere gesuergt: "Wat dës Plaz definéiert, ass datt de Public ganz no beim Kënschtler ass. Et ass e klenge Raum, deen awer ganz gutt kléngt. An mir hunn en Equipement, dee wierklech gutt ass fir dës Capacitéit. Kënschtler, déi normalerweis bësse méi grouss Säll gewinnt sinn, ginn dann awer e gudde Feedback, well se a gudde Konditioune spillen. Meeschtens virun engem coole Public dee gutt matmécht."

Concerten organiséieren an engem klengen alternativen Espace, dat war vun Ufank un eng Kär-Iddi vum Gudde Wëllen. Um Programm stounge meeschtens Bands, déi kuerz virum Duerchbroch stoungen. Ma Profit huet de Kultcafé awer ni domat gemaach – am Géigendeel: "Wann ech d’Honorairen huele vun de Kënschtler an den Techniker, Hotel, Iessen, d’Paie vun de Leit, déi bei eis schaffen asw.... Wann ech dat alles zesumme rechnen, dann ass dat ëmmer vill méi, wéi dat wat iwwert Ticketen a Gedrénks wärend de Concerten erakënnt. Mir hunn dat u sech kompenséiert mat Soiréeën, déi eis manner kascht hunn a méi era bruecht hunn."

En Equiliber deen elo net méi opgeet. Kleng Betriber wéi de Gudde Wëllen, déi och eng grouss kulturell Offer ubidden, ginn awer net wéi d’Kulturhaiser vum Stad subventionéiert. Deemno hu si och kee festgeluechte Budget, mat deem si d’Joer iwwer plange kënnen. Fir 2020 gouf et dann di éischte Kéier eng kleng finanziell Sprëtz vum Stad. Fir esou Plaze wéi de Gudde Wëllen e wichtege Geste, esou de Luka Heindrichs: „Dat war e relativ klenge Montant, par Rapport zu deem, wat ee brauch, fir dat Ganzt um Liewen ze erhalen. An awer war et en éischte Schrëtt an déi Richtung, fir z'erkennen, datt esou Plaze wéi De Gudde Wëlle systemesch immens relevant, fir d’Entwécklung vun enger kultureller Aktivitéit an eisem alternative Museksberäich, sinn.“

Wéi di meeschte Cafésbesëtzer, ass och d’Ekipp vum Gudde Wëllen u seng Limitte komm. Dofir hu si sech Villes afale gelooss: e Fundraiser, eng Konschtauktioun, De Gudde Wëllen „Fashion Empire“ an de Verkaf vum beléiften "Tea Time"-Gedrénks: "Déi Aktiounen hu mir duerchgezunn, fir engersäits de Kontakt mam Public ze halen an anerersäits och u Geld ze komme fir ze liewen. Sou hu mir dann och d’Ekipp beienee gehalen.“

Mat virsiichtegem Optimismus kuckt de Luka Heindrichs an d’Zukunft. Concerte plangen ass den Ament ondenkbar: "De Gudde Wëlle besteet aus enger Partie sympathesche Serveuren an enger héich konzentréierter Mënschemass. Et ass kleng, d’Leit drécken sech laanschteneen an et ass jidderee beieneen, wat och de Charme vum Gudde Wëllen ausmécht. Mee wéini wäerte mir kënnen dorop zréck goen?"

Déi aner Deeler vun der Serie

Serie Kulturcaféen (1): De Rocas bei der Badeanstalt
Serie Kulturcaféen (2): De Flying Dutchman zu Beefort