D’Auswiel u Lëtzebuergesch Coursen an den Zougrëff fir all Mënsch dorop ass iwwerschaubar.

Och online huet ee bis ewell dofir nach net ganz vill qualitativ héichwäertegt Material fonnt. D’Leslie Schmit probéiert, dëst awer elo ze änneren, dat mat hirem Youtube-Channel "Lëtzebuergesch mam Leslie".

Zanter gutt 3 Méint fiddert si reegelméisseg hire Youtube-Channel mat kuerzen, informative Videoe mat Basiscoursen iwwer d’Lëtzebuerger Sprooch. Viru 5 Joer huet d’Leslie ugefaangen, am PIJ, am Point Info Jeunes, zu Esch Lëtzebuergesch Coursen ze ginn. Corona-bedéngt sinn der d’lescht Joer awer e ganze Koup ausgefall. An och momentan gi se just a ganz klenge Gruppen ofgehalen. Dofir koum d'Iddi, hir Coursen och online unzebidden. Ursprénglech sollten d'Videoe just fir hir Schüler sinn. "Firwat soll ech et net och fir jiddereen zougänglech maachen an et op Youtube setzen, wann ech schonn am Gaange sinn.", esou déi jonk Studentin selwer.

D’Leslie interesséiert sech awer net nëmme fir d’Lëtzebuerger Sprooch. Zu Tréier huet si Japanologie studéiert an och déi englesch Sprooch huet et hir schonn als Teenager ugedoen. Dowéinst koum och elo d’Decisioun, europäesch Kulture mat Schwéierpunkt op Englesch op der Uni.lu ze studéieren. Well hir Coursen am PIJ zu Esch awer op Franséisch sinn an e Gros vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg schaffen a Lëtzebuergesch léiere wëllen, Francophone sinn, louch et fir d’Leslie op der Hand, d’Videoe fir hire Youtube-Channel och op Franséisch ze maachen.

D’Videoe si chronologesch opgebaut, se sinn extra gemaach fir Leit, déi nach ni Lëtzebuergesch geschwat hunn. All Woch kënnt elo en neie Video mam Leslie online an och wann een duerch hire Kanal duerno net fléissend Lëtzebuergesch schwätzt, ass et dach eng zolidd Base, op déi ee spéider opbaue kann.