Bei der neier Editioun vun der Biennale "De Mains de Maîtres" am ale Sëtz vun der ARBED op der Gare, dréint alles ëm d’Natur an de Klimawandel.

Zanter 2017 gëtt dës Ausstellung fir Konschthandwierk an Design am Zweejoresrythmus organiséiert. Zil ass et, déi traditionell a modern Handwierkstechniken ze presentéieren, d’Lëtzebuerger Zeen ze promouvéieren an dat Ganzt an en internationale Kontext ze setzen. Dofir gëtt et bei all Editioun e Gaaschtland, aus deem Kënschtler zu Lëtzebuerg dierfen ausstellen. Dëst Joer huet Tschechien d’Éier an et wäerten eng 40 tschechesch Kënschtler hir Wierker am ale Sëtz vun der ARBED op der Gare presentéieren. Donieft ginn et natierlech och d’Wierker vu 66 Lëtzebuerger Handwierker z’entdecken.
 
An Zäite vu Klimawandel an enger Rei duerch Mënschenhand ausgeléisten Onrouen an der Welt, läit de Fokus vun "De Mains de Maîtres" op der "Natur". Et soll ee sech bewosst sinn, dass d'Natur net ze ersetzen ass an dass ee soll mat hir zesummeliewen, amplaz géint si. Mat de Wierker aus der Ausstellung gëtt versicht, d’Natur anescht ze betruechten an nees méi ze valoriséieren. Den Titel "Nature singulière" soll d’Onersetzbarkeet vun der Natur zum Ausdrock bréngen.
 
D'’Biennale "Des Mains de Maîtres" ass vum 20. bis den 23. November vun 10 Auer bis 18.30 Auer fir Visitten op a gewise kritt ee vu Keramik, iwwer Glaskonscht, Skulpturen oder Textil, alles wat d’Handwierkskonscht ze bidden huet.