Konstantin Wecker hat eng intim Bezéiung mat engem 15 Joer ale Meedchen
© Photo by HERBERT NEUBAUER / APA-PICTUREDESK / APA-PICTUREDESK VIA AFP
No engem Artikel an der "Süddeutschen Zeitung" iwwert dës Bezéiung, déi ronn 15 Joer zeréckläit, huet de bekannten däitsche Museker elo ëm Entschëllegung gefrot.
"Ech wëll déi betraffe Fra ëm Entschëllegung bieden", erkläert den haut 78 Joer ale Museker e Mëttwoch iwwert säin Affekot. "Genee sou wëll ech mech bei menge Fans entschëllegen, dass meng Musek nees a mengem Liewen net dat eenzegt ass, woumat si sech beschäftegen."
An der däitscher Zeitung bericht eng haut 30 Joer al Fra, dass den deemools 63 Joer ale Konstantin Wecker eng Bezéiung mat hir als deemools 15 Joer aalt Meedchen agaangen ass. Wéi si du 16 Joer al war, koum et och zu Sex. D'Fra géif dem Bericht no bis haut ënnert de psychesche Suitte vun der Bezéiung leiden, déi ronn annerhalleft Joer gedauert huet. Si wier och zënter Joren a psychiatrescher Behandlung a géif dës Zäit als "Trauma" empfannen, heescht et weider an der Zeitung.
Den Affekot vum däitsche Museker huet der AFP géigeniwwer matgedeelt, dass säi Mandant dovunner ausgeet, dass "deemools keng strofbar Handlungen am Ëmgang mat der betraffener Fra begaange goufen". Weider erkläert hien, de Wecker wier zënter Enn vu leschter Woch a stationärer Behandlung. "Dat wäert sécher nach Wochen daueren", heescht et weider. De Museker wier schonn zënter Ufank vum Mount "schwéier krank". Eng Tour vum Konstantin Wecker gouf am November wéinst "Krankheet" ofgesot, ënnert anerem och de Lëtzebuerger Datum vum 12. November am Trifolion zu Iechternach.
D'Affär, déi tëscht 2011 an 2012 gelaf ass, wier an enger Zäit geschitt, an där hien ënnert enger vu ville "Suchtphase" gelidden huet. Hien huet iwwer länger Phasen Alkohol konsuméiert a soll deemools dacks net zourechnungsfäeg gewiescht sinn. "Och wann all dat keng Entschëllegung ass, wëll hien zum Ausdrock bréngen, dass hien deemools net Här vu senge Sënner war", sou säin Affekot weider.
Dem Wecker sengem Affekot no schummt hie sech fir säi Verhalen deemools, kéint sech awer kaum nach un dës Zäit erënneren. Senger Erënnerung no wier d'Bezéiung deemools och mam Accord vu béide Säiten entstanen. Allerdéngs, sou gëtt betount, géif dës Bezéiung "ënner moraleschen Aspekter e komplett falscht Verhale vun him duerstellen".