"Du puzzle à la mosaïque" heescht e Projet vu Claude Frisoni a Raymond Reuter, déi unhand vun enger Fotosausstellung an engem Buch versichen, d'Diversitéit vu Lëtzebuerg ze weisen.

Nom Succès vun hirem Projet “Les Exclus du Festin”, deen d’Aarmut zu Lëtzebuerg thematiséiert huet, ass et den Auteuren déi Kéier drëm gaangen, d'Villfalt vum Grand-Duché ervir ze hiewen. 101 Persoune vu ganz ënnerschiddlechen Nationalitéiten, déi zu Lëtzebuerg wunnen oder schaffen, illustréiere wéi divers eist d'Land ass.
 
E Sujet, deen den Auteuren um Häerz läit, an dat virun allem an Zäite wou bëssen iwwerall op der Welt d'Iddie vu Friemenhaass zum Beispill ëmmer méi present ginn. Dat géif hinne Suerge maachen an dofir wier et d’Geleeënheet ze weisen, datt d’Diversitéit eppes Wäertvolles ass. Souwuel mat der Ausstellung wéi och mam Buch, an deem een d’Fotoe vum Raymond Reuter zréckfënnt, gekoppelt mat Texter vum Claude Frisoni, wéilt een d’Leit drop opmierksam maachen, datt déi Villfalt déi mer am Land hunn, eng Chance a keen Handicap ass.  
 
Déi 101 Portraiten wieren natierlech just en Echantillon, deen awer weisen géif, datt jiddereen seng eege Geschicht huet. Verschiddener hätten en dramateschen a schwéiere Parcours hannert sech, an hätten awer fäerdeg bruecht, eppes Neies hei am Land opzebauen, an dat géif Hoffnung maachen.
 
D'Expo kann een nach bis e Samschdeg an der Belle Etoile gesinn a vum 25. November un dann an der Chambre des Salariés. D'Buch kritt een iwwerdeems an all de Librairien ze kafen.