D’Vicky Krieps huet an der Kategorie fir déi bescht europäesch Schauspillerin d’Méiglechkeet, e Präis ze gewannen.

Um Dënschdeg goufen d’Nominatioune fir d‘European Film Awards 2026 publizéiert.

Nominéiert ass d’Lëtzebuerger Schauspillerin Vicky Krieps nieft dem Leonie Benesch (Late Shift), dem Valeria Bruni Tedeschi (Duse), dem Léa Drucker (Case 137) an dem Renate Reinsve (Sentimental Value), dat fir hir Roll am Film „Love Me Tender“. Dësen ass eng Koproduktioun vum Vicky Krieps senger virun 2 Joer gegrënnter Firma Viktoria Productions an der jonker franséischer Realisatrice Anna Cazenave Cambet. De Film ass am Mee dëst Joer erauskomm a gouf och schonn um Filmfestival zu Cannes fir d’Niewesektioun "Un Certain Regard" selektionéiert, huet awer kee Präis gewonnen.

Am Film geet et ëm eng Mamm, déi sech als lesbesch out a jorelaang géint e verbruete Papp fir d'Suergerecht vun hirem Bouf kämpfe muss, dee se oft méintelaang net ze gesi kritt. De Film baséiert op dem autobiographesche Roman vum Constance Debré.

D’Vicky Krieps konnt och schonn 2022 fir hir Roll am Film Corsage de Präis fir déi bescht europäesch Schauspillerin op de European Film Awards gewannen. Ob et dëst Joer och nees fir de Gewënn duergeet, gi mer de 17. Januar 2026 gewuer. D’Präisiwwerreechung vun de European Film Awards gëtt am Haus der Kulturen zu Berlin ofgehalen. All d’Nominatioune fannt dir hei