E Freideg goung et lass mat zwee Big-Band-Orchesteren dorënner d’Big Band vun eiser Militärmusek.

Echter'Jazz heescht den neie Mini-Festival vum Trifolion Iechternach, deen dëse Weekend 3 Owender mat Jazz fëllt. E Freideg goung et lass mat zwee Big-Band-Orchesteren dorënner d’Big Band vun eiser Militärmusek. De Régis Thill huet sech fir de Concert intresséiert an hien huet mam Trifolion-Chef Maxime Bender iwwert de Streaming payant geschwat.

Big Band, dat si Formatiounen ouni Sträichinstrumenter, déi e Repertoire vun Jazz spillen. Big Band gëtt et zënter den 30er Joren. Dat ass natierlech ee volle Sound an et gëtt de Museker d’Geleeënheet, sech mat hirem Instrument an Zeen ze setzen. En Ernie Hammes brauche mer an deem Zesummenhang net méi virzestellen.

Wéinst de Covid-Mesurë sinn net vill leit am Concertssall zougelooss, duerfir gëtt de Concert awer gestreamt. Et kann ee gemittlech vun doheem aus lauschteren a kucken. An hei huet den Trifolion Iechternach innovéiert. Fir d’éischt huet ee misse fir de Stream bezuelen.

Streaming payant gëtt et schonn am Ausland fir live Concerten. An net ze vergiessen, mat sou Plattforme wéi Netflix ass de Gedanken, fir ze bezuelen, wat een op der Tëlee kuckt, scho méi laang Realitéit. Mol kucke wéi dé Iechternacher Initiativ vum Public ugeholl gëtt.

D’Big Band vun der Lëtzebuerger Militärmusek huet vill Jazz vu Lëtzebuerger Museker gespillt an dat a gewinnter Qualitéit. Fir d’Spectateuren, Stream oder net Stream, déi de Genre gären hunn, ee gelongenen Owend.