Den 2. Mäerz virun 30 Joer ass de franséische Chansonnier gestuerwen. Seng Duechter Charlotte Gainsbourg wëll elo aus sengem Haus e Musée maachen.

Dat huet si en Dënschden der Noriichtenagence AFP verroden. Nach dëst Joer soll de Musée am fréieren Haus vum Serge Gainsbourg zu Paräis seng Dieren opmaachen.

D'Charlotte Gainsbourg, déi selwer Karriär als Sängerin a Schauspillerin gemaach huet, ass der Meenung, dass d'Privatraim vun hirer Famill einfach zum Paräiser Kulturierwe gehéieren. An deem klengen Haus an der Rue de Verneuil 5 um lénke Seine-Ufer géif ee villes iwwer d'Perséinlechkeet vun hirem Papp entdecken.

"Et ass zimmlech iwwerraschend", seet d'Charlotte Gainsbourg. "Meeschtens mengt ee jo, Kënschtler missten a risege luxuriéise Raim wunnen, mee d'Haus ass zimmlech bescheiden." Hire Papp hätt et schonn zu Liefzäiten an e Musée verwandelt a mat allerlee Sammelsurium gefëllt. "Mir hunn als Kanner ëmmer gefaart, eppes futti ze maachen." Als besonnesch beréierend bezeechent si eng Büst, déi hir Mamm, Jane Birkin, vun hirem Papp gemaach hat.

De Serge Gainsbourg huet vun 1967 u bis zu sengem Dout an dësem Haus gelieft. Hie war den 2. Mäerz 1991 am Alter vun 62 Joer no engem Häerzinfarkt gestuerwen. Bis haut gëllt hien als ee vun de bedeitendste franséische Chansonnieren a Komponisten a war och als Schauspiller a Schrëftsteller aktiv. Zu sengen Hits zielen "Je t'aime... Moi non plus", deen hien am Duo mam Jane Birkin gesongen huet, an "Requiem pour un con".