Den 31 Joer ale Museker huet mat sengem Hit Geschicht geschriwwen: Wärend engem ganze Joer war "Blinding Lights" an den Top 10 vertrueden.

Domat ass hien den éischte Museker an der Geschicht vun de Billboard-Charts, deem dëst gelongen ass. Bannent de leschte Méint louch seng Single ëmmer nees op de Plazen 3, 4 a 5. Wochelaang war d'Lidd esouguer un der Spëtzt vun den Top 10 vertrueden.

Millioune vu Fans begeeschtert huet The Weeknd dëst Joer mat senger Halftime-Show am Superbowl. Weltwäit danze Grouss a Kleng op d'Choreographie vu sengem Optrëtt a deelen d'Videoen op Plattforme wéi TikTok.