Am Abrëll dëst Joer kënnt hiren 20. Studioalbum "God Save The Rave" eraus a mat deem Numm geet et fir Scooter och op Tour.

Trei nom Motto "First We Save The Rave - Then We Save The World!" fënnt déi erfollegräich däitsch Techno-Band Scooter hire Wee op der grouss ugeluechter Arena-Tour 2022 och op Lëtzebuerg an d'Rockhal. Den Titel "God Save The Rave" soll drun erënneren, dass mir och an ugespaanten Zäiten d'Feieren net vergiessen dierfen.

Scooter huet déi onfräiwëlleg Paus wärend der Pandemie genotzt, fir en neien Album ze produzéieren an hat schonn am Virfeld e puer Hit-Singelen verëffentlecht. Donieft huet den däitschen Trio mam "I Want You To Stream!" Streaming Live-Concerts ëmgesat, dat nawell en enorme Succès huet.

Vum Stream soll et elo nees zeréck op d'Bün goen. Mat 12 Live-Shows am Fréijoer 2022 queesch duerch verschidden europäesch Metropolen, wëll den H.P. Baxxter, Frontmann vu Scooter, net just Klassiker zum Beschte ginn, mä och nei Hits wéi "FCK2020", "God Save The Rave" a "We Love Hardcore".

Et soll eng onvergiesslech Party ginn.


Eis Tickete si verspillt.

Dem gléckleche Gewënner, e grousse Fan vu Scooter, vill Spaass um Concert.

Tourdaten

11.03.2022 DE-Stuttgart / Schleyer-Halle
12.03.2022 DE-München / Olympiahalle
13.03.2022 CH-Zürich / Hallenstadion
15.03.2022 BE-Antwerpen / Lotto Arena
17.03.2022 DE-Düsseldorf / ISS Dome
18.03.2022 DE-Bremen / ÖVB-Arena
19.03.2022 DE-Dresden / Messe
21.03.2022 AT-Wien / Stadthalle
22.03.2022 LU-Esch-sur-Alzette / Rockhal
24.03.2022 NL-Amsterdam / Ziggo Dome
25.03.2022 DE-Hannover / ZAG Arena
26.03.2022 DE-Kiel / Wunderino Arena