Kulturell gesinn ass Lëtzebuerg den Ament eng Oas.

Eng vun de ganz wéinege Plazen nämlech, wou Theateren a Kulturhaiser op sinn an Opféierungen, Liesungen a Concerten ubidden. Eng Konschtform, déi ganz besonnesch dervu lieft, net op Distanz ze sinn, ass den Danz. Am Théâtre National weist de Choreograf Jean-Guillaume Weis den Ament de Spektakel „Sehnsucht". Wéi de Projet „Sehnsucht" entstanen ass, huet de Jean-Guillaume Weis net geduecht, datt dëst Thema zum Moment vun der Opféierung esou eng besonnesch Bedeitung kéint kréien.

Dat Verlaangeren no eppes probéieren déi 7 Dänzer op der Bün op klassesch Musek an inspiréiert un Texter vun der Autorin Elise Schmit ëmzesetzen. D'Sënnlechkeet an den enke Kontakt spillen dobäi eng weesentlech Roll, et ass hire Kierpertext. Fir sech ze preparéieren, gouf quasi an engem Huis Clos zesumme geprouft a gewunnt an ëmmer nees getest. Eng Erausfuerderung, déi sech gelount huet.

Och de Publikum verlaangert no sou Biller, d'Demande fir déi reduzéiert Plazen ass op alle Fall grouss. De Kapp emol verwinnen, ofschalten a sech mathuele loossen, deet physesch a psychesch gutt. Dat spiert de Jean-Guillaume Weis och am Kontakt mat de Kanner a senger Danzschoul.