All Summer zitt déi rosa Granit-Küst dausende vun Touristen un.

Fir dësen Naturspektakel ze schützen, wëll eng Initiativ elo, dass d'Côte de Granit Rose e Weltkulturierwe soll ginn. Ënnert anerem dat däitscht Wattenmeer an d'Dolomiten an Italien sti schonn op dëser Lëscht.

Iwwer 300 Millioune Joer al ass de Granit, deen an der Sonn brong-rosa schimmert. D'Unerkennung als Weltkulturierwe géing dem Buergermeeschter Erven Léon no och de Virdeel mat sech bréngen, dass een d'Wirtschaft an där Regioun nach méi ukuerbele kéint, andeems méi Touriste géingen iwwert d'Joer verdeelt ureesen. Am Summer wier d'Küst iwwerfëllt, ma zu anere Joreszäite géing een net ville Mënschen aus dem Ausland iwwert de Wee lafen.

RTL

© AFP/DAMIEN MEYER