Zanter Méint schonn gëtt am Belarus géint den autoritäre Staatschef Alexander Lukaschenko protestéiert. Elo gëtt et vun Holland eng rout Kaart.

D'Land däerf am Mee net beim Museksconcours "Eurovision Song Contest" matmaachen, sou d'Organisateure vum ESC e Freideg den Owend. Minsk kritiséiert dës Decisioun als "politesch motivéiert".

Belarus huet fir déi zweete Kéier fir de Concours kandidéiert, déi éischt Demande gouf scho refuséiert. "Och déi zweet Demande verstéisst géint d'Reegele vum Concours, déi sécherstelle sollen, dass de Contest net instrumentaliséiert gëtt oder a Verruff geréit", erkläert d'EBU op hirer Internetsäit. Méi Detailer ginn et net.

Fir de Belarus sollt d'Band "Galasy Smesta" an d'Course goen. Dëst hat hefteg Protester an der Oppositiounsbeweegung ervirgeruff. Dat éischt Lidd, dat d'Band wollt presentéieren, géif Zeilen enthalen wéi: "Ech wäert dir bäibréngen, dech der Linn ënnerzeuerdnen." Dat zweet Lidd war op den éischte Bléck manner politesch, ma e Samschdeg de Moien huet de Frontmann vun "Galasy Smesta" erkläert, dass d'Bedeitung vum Lidd iwwer eng Kanéngchen, Hénger an e Fuuss ganz "offensichtlech" wier.

Am Belarus kënnt et zanter August ëmmer nees zu massive Protester géint de Lukaschenko wéinst Bedruchsvirwërf bei de Presidentiellen. An den éischte Méint no der Wal sinn all Woch zéngdausende Mënschen op d'Strooss gaangen. An der lescht sinn d'Protester manner ginn. Hannergrond ass dat brutaalt Virgoe vun de Sécherheetsleit géint d'Demonstranten. E puer Manifestante koumen ëm d'Liewen, honnerte goufen zu deels ganz laange Prisongsstrofe verurteelt.

Den ESC ass den 22. Mee zu Rotterdam. D'lescht Joer war de Concours wéinst der Corona-Pandemie verréckelt ginn.