5.000 Museksfan konnten zu Barcelona ouni Ofstand e Live Concert erliewen.

Ënner strenge Sécherheetsmesuren ass do eng éischte Kéier zanter laangen e Concert organiséiert ginn, fir ze kucken, ob esou Evenementer mat dem richtege sanitäre Konzept trotz Pandemie méiglech sinn. Gespillt huet d'Indie Popband "Love of Lesbian" an der Hal "Palau de Sant Jordi, déi u sech fir 24.000 Leit ausgeluecht ass. Alleguerten d'Leit hu virdrun missen en Antigen-Schnelltest maachen.

Eragelooss goufen natierlech nëmme Leit mat enge negative Resultat a mat FFP2-Masken. Donieft haten d'Organisateuren eng performant Lëftungsanlag installéiert. An den nächste 14 Deeg ginn d'Spectateuren vum Concert lo iwwerwaacht an all méiglech Infektioun festgehalen.

Fir déi spuenesch Museksbranche war de Concert e kloert Zeechen dat Hoffnung mécht.