De Rocklab vun der Rockhal huet d'lescht Joer d'Serie Pop-Up Sessions lancéiert. D'Concerte kann een och elo op RTL Play kucken.

Soulaang keng Concerten ënner normalen Ëmstänn kënne virun engem Live-Publikum gespillt ginn, solle jonk Lëtzebuerger Bands d'Méiglechkeet kréien, virun enger reduzéierter Zuel u Spectateuren ze spillen an dat och nach op ongewinnte Plazen.

Mir waren deemools beim éischte Concert am Summer mat der Kamera derbäi.

Dës exklusiv Concerte gi gefilmt a gestreamt. Zanter e Méindeg sinn d'Optrëtter och elo op RTL Play ze gesinn. Déi éischt 7 Episode si schonn online. D'Serie vun de Pop-Up Sessions geet awer nach weider. Déi neisten Episod fënnt een dann och ëmmer um RTL Play am Stream an duerno am Replay.

Matgemaach hu bis ewell beispillsweis EDSUN mat engem Optrëtt am Hangar vun der Luxair, d'Claire Parsons huet am Schlassgoart zu Esch/Uelzecht e Concert ginn an Chaild huet an der Cinemathéik gespillt.

D’Bands, déi intresséiert sinn, fir matzemaachen, kënne sech hei aschreiwen: Rocklab Pop-Up Sessions

An hei geet et direkt weider op de Play