Den "Eurovision Song Contest" (ESC), deen am Mee zu Rotterdam virgesinn ass, soll mat enger limitéierter Zuel u Spectateuren iwwert d'Bün goen.

Dëst och, fir de Risk vun enger Kontaminatioun ze evaluéieren. Als "laboratoire de terrain" gëtt dat Ganzt vum hollännesche Kulturministère beschriwwen. Maximal 3.500 Spectateure wëll een ënner strenge Mesuren zouloossen. En negative Covid-Test ass natierlech eng vun de Viraussetzungen.

Um Datum vum 18. bis den 22. Mee hält een den Ament fir den ESC fest. D'Situatioun géif am Abrëll awer nach eng Kéier analyséiert ginn. Wann de Risiko ze grouss wier, géif de Concours ouni Public organiséiert ginn.

D'Editioun vum leschte Joer war wéinst der Pandemie ofgesot ginn, dëst fir d'éischt an der Geschicht vum ESC. All Joer kucke Millioune Leit d'Eurovisioun op der Tëlee. Ronn 65.000 Fans sinn normalerweis live dobäi.