Den 21. Abrëll 2016 ass de Prince mat 57 Joer gestuerwen. Fans dierfe sech elo op e weidere posthumen Album freeën. Dat 1. Lidd kann ee scho streamen.

De legendäre Museker huet eng grouss Schatzkëscht ("The Vault") mat Lidder, Alben a Live-Opnamen hannerlooss, déi nach net verëffentlecht goufen. Den 30. Juli kënnt den neien Album mam Numm "Welcome 2 America" eraus. Dat huet de Sony-Label Legacy Recordings en Donneschdeg wësse gedoen.

Den Titeltrack gouf schonn en Donneschdeg de Mëtten op de Streaming-Plattforme diffuséiert. Doran ass de Sänger mat engem politesche Statement an de Wierder "Land of the free / home of the slave" ze héieren.

Den Album geet op d'Joer 2010 zréck. 12 Lidder sinn dorobber ze fannen. E weideren Album, mat Live-Opnamen vun enger Tour aus dem Joer 2011 ass och nach geplangt. "Ech hunn de Labelen net ëmmer dat bescht Lidd ginn. Am "The Vault" leie Lidder, déi nach ni e Mënsch héieren huet (...) Tonne Saachen, déi wärend verschiddene Perioden opgeholl goufen", hat de Prince 2014 dem "Rolling Stone" verroden.

An de leschte Jore ware schonn d'Referenz-Alben "1999", "Sign o' the  times" a "Purple Rain" bei Warner nei editéiert an duerch vill bis dohin onverëffentlecht Tracks beräichert ginn.