De Rapper ass an den USA un de Suitte vun engem Häerzinfarkt gestuerwen. Seng Famill huet e Freideg säin Doud matgedeelt.

Den Doud vun der Hip-Hop-Ikon ass e Schock fir d'Rap-Welt. Bekannt gouf den DMX an den 90er mat Lidder wéi "Party Up", "X Gon' Give It To Ya", "Ruff Ryder's Anthem" oder "Get at me Dog", fir der nëmmen e puer ze nennen, an huet an där Zäit de Rap och staark mat influenzéiert. Och als Schauspiller huet den DMX an de leschte Joren en Numm gemaach.

Wéi seng Famill confirméiert huet, ass de Rapper, dee mam biergerlechen Numm Earl Simmons geheescht huet, un de Suitte vun Häerzproblemer gestuerwen.

Wéi et heescht, gouf hie schonn den 2. Abrëll an d'White Plains Hospital ageliwwert a kënschtlech um Liewe gehalen. US-Medien no soll de Rapper een Häerzinfarkt wéinst enger Iwwerdosis vun Droge gehat hunn. De Kënschtler hat an der Vergaangenheet ëmmer nees Problemer mat Drogen. Eegenen Aussoen no huet hie schonn am Alter vu 14 Joer Crack geholl.

3 Mol gouf de Rapper fir de Grammy nominéiert a war ëmmer nees mat senge Lidder an den Charts representéiert. Seng éischt 4 Alben, déi en rausbruecht huet, sinn alleguerten op d'Plaz 1 an den USA geklommen.

Déi lescht Deeg waren Honnerte vu Fans virum Spidol an deem den DMX louch an hu fir hie gebiet.