De Rolling-Stones-Sänger an de Foo-Fighters-Frontmann hunn de schwongvollen Track "Eazy Sleazy" verëffentlecht.

Dora stécht vill Ironie iwwer eng Zäit, an där duerch de Coronavirus alles op d'Kopp gestallt gouf, awer och Hoffnung, dass dëst Kapital hoffentlech gläich ofgeschloss ass.

Op YouTube an an de soziale Netzwierker mécht "Eazy Sleazy" de Geck mat Zoom-Meetingen an dem Verzicht, dee jiddereen den Ament erlieft, mat den Hobbyen, déi een op eemol fir sech entdeckt, fir der Langweil hannert de "Prisongsmaueren" doheem ze entkommen.

De Rolling-Stones-Sänger mécht sech och lëschteg iwwer Verschwörungstheoretiker a Fantasië ronderëm den Impfstoff. "Bill Gates is in my bloodstream" an "The earth is flat and cold" séngt hien, beklot awer och déi spéit Liwwerung vun der zweeter Dosis. De Mick Jagger ass sech awer och sécher, dass dat alles gläich nach just eng Erënnerung ass: "Soon it'll be a memory you're trying to remember to forget".

"Et ass e Song, deen ech doriwwer geschriwwen hunn, wéi een aus dem Confinement erauskënnt, mat engem Optimismus, deen dréngend néideg ass", huet de 77 Joer ale Sänger an engem Statement kommentéiert. Hie géif sech iwwer d'Zesummenaarbecht mam Dave Grohl freeën. Dat selwecht seet de Museker vun de Foo Fighters. "Et ass schwéier, a Wierder ze faassen, wat d'Ophuele vun dësem Song mam Sir Mick Jagger fir mech bedeit", sot den Ex-Drummer vun Nirvana. "Et ass wéi een Dram, dee wouer ginn ass. Grad, wéi ech geduecht hunn, d'Liewe kéint net nach méi verréckt ginn... et ass d'Lidd vum Summer, ouni Zweiwel", seet den 52 Joer alen Dave Grohl.

De Song ass de krasse Contraire zur Meenung vun enger anerer Rocklegend, dem Van Morrison, dee leschte Summer dräi Lidder erausbruecht hat, an deenen hien de Confinement als "Fräiheetsraub" uprangert an d'Wëssenschaftler beschëllegt, "Fakten ze verdréien an ze erfannen".