D'Dréiaarbechten hunn ugefaangenNeien "Downton Abbey"-Film fir Chrëschtdag geplangt

RTL Lëtzebuerg
D'Fans vun "Downton Abbey" kënne sech op eng weider Film-Episod vun der Adelsserie freeën.
D'Actrice Maggie Smith
D’Actrice Maggie Smith
© AFP/Archives/NIKLAS HALLE’N

Un der Suite vun der Saga, déi den 22. Dezember gewise gi soll, ass e Groussdeel vun der Original-Besetzung bedeelegt. Nieft de bekannten Duersteller wéi Maggie Smith, Hugh Bonneville, Laura Carmichael, Michelle Dockery an Elizabeth McGovern sinn och nei Gesiichter ze gesinn. Ënner anerem de Hugh Dancy an d’Nathalie Baye spille mat.

“No engem Joer voller Erausfuerderungen, an deem esou vill vun eis vu Familljen a Frënn getrennt waren, ass de Gedanken e groussen Trouscht, dass besser Zäite virun eis leien a mir nächst Chrëschtdag mat de beléifte Figure vun ‘Downton Abbey’ vereent gi wäerten”, huet de Produzent Gareth Neame mat Bléck op d’Coronakris erkläert.

Den Dréibuch-Auteur Julian Fellowes
Den Dréibuch-Auteur Julian Fellowes
© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/AFP/Archiv/Theo Wargo

Mat der Produktioun vum Film ass Informatiounen no d’lescht Woch ugefaange ginn. D’Handlung vun der Fortsetzung ass nach geheim. D’Dréibuch huet genee wéi bei der Serie a beim éischte Film “Downton Abbey”, deen 2019 an d’Kinoe koum, de Julian Fellowes geschriwwen.

Déi 6 Staffele vun “Downton Abbey” waren tëscht 2010 an 2015 verëffentlecht ginn. D’Saga ëm déi fiktiv englesch Adelsfamill Crawley an hiert Personal war fir eng Rei Duersteller e Sprangbriet fir eng Hollywoodkarriär.

Back to Top
CIM LOGO