Am Alter vu 45 Joer ass d'Barbara Ann "Barby" Kelly de 15. Abrëll gestuerwen.

D'"Kelly Family" huet en Dënschdeg iwwert déi sozial Medie matgedeelt, datt hir Schwëster Barby Kelly gestuerwen ass.

"Eis Schwëster Barby ass no kuerzer Krankheet virun e puer Deeg vun eis gaangen. Mir sinn an déiwer Trauer a bieden ëm Versteesdemech, datt mir eis den Ament net weider dozou äussere wäerten", heescht et an engem Posting, deen d'Famill en Dënschdeg verëffentlecht huet. "Mir wäerten d'Barby onendlech vermëssen an hatt ëmmer an eisen Häerzer droen."