D'Pandemie huet déi ganz Prozedur vum Entwécklungsplang vun der Kufa acceleréiert.

"Et huet eis un enger klorer Identitéit an un engem roude Fuedem gefeelt" sot den Direkter vun der Kufa René Penning am Kader vun der Presentatioun vun hirem Entwécklungsplang, fir dee sech eng helle Wull u Froe gestallt goufen.

Entwécklungsplang Kufa / Reportage Claudia Kollwelter

Et wier einfach e gudden Zäitpunkt gewiescht, sech a Fro ze stellen, seet de René Penning. An dat, well eng ganz Partie Defien op een duerkommen: d'Entwécklung vun Esch Belval, de Frischen oder Esch-Schëffleng, déi d'Bild vun der Stad verännere wäerten, Esch2022 awer och d'40 Joer vun der Asbl Kulturfabrik an d'25 Joer Reouverture déi ustinn. D'Nathalie Ronvaux erkläert, wéi den neie roude Fuedem soll ausgesinn:

D'Kufa gëtt als projet culturel an als projet artistique unerkannt. Bei der Programmatioun war d'Fro wéi mer déi definéieren. Se soll diversifiéiert sinn, wéi se ëmmer war. Wat sinn d'Haaptfokussen? Aktuell Musek, Kino, Literatur, pluridisziplinär Performance, Arts visuels an engagés. De roude Fuedem ass u sech eng Programmatioun, déi engagéiert soll sinn.

D'Pandemie hätt déi ganz Prozedur vum Entwécklungsplang eigentlech acceleréiert, seet de René Penning, dee vun engem positiven Impakt schwätzt, well d'Ekipp Zäit gehat hätt, d'Strategie ze developpéieren an och u neie Projeten ze schaffen. E Beispill ass do d'Summerbar:

Dee mer ganz wichteg fannen als lieu de vie vun der Kufa, fir deen ze developpéieren. Dat hate mer virdrun ni, well mer am Summer ëmmer zou haten. Aus der Pandemie eraus ass de Projet entstanen a mir hu gesot, mir mussen dat weiderféieren an eng Programmatioun dobaussen hunn am Summer.

En anert Beispill ass d'SquatFarbik, e Projet, deen eigentlech just fir 2020 geplangt war

Dee mer awer elo 2021 weiderféieren wäerten an och ausdeenen. Mir hunn elo d'Galerie, déi mer an en Atelier-Galerie ëmbauen, an do Residenze maachen iwwert e längeren Zäitraum an an engem Lieu, dee méi exposéiert ass, wou de Publikum erakucke kann. An d'SquatFabrik leeft dann 2022 richteg un iwwert 6 Méint.

Stéchwuert Publikum ass an der Strategie och virgesinn, datt e Fokus op dee geluecht gëtt:

Mir géife gär méi an Zukunft iwwert de Publikum gewuer ginn, mat ëm diskutéieren, an den Dialog trieden a mol wëssen, wat si géife proposéieren, wat se interesséiert, wat se vläicht géife veränneren. Wat si gesinn a mir net, well mir vläicht ze no dobäi sinn.

Doru wier och scho geschafft ginn. Allerdéngs huet d'Pandemie een do e bëssen ausgebremst, erkläert d'Nathalie Ronvaux:

Mir schaffe mat der Universitéit vun Avignon zesumme mat engem Laboratoire, deen drop trainéiert ass etudes de public ze maachen. Déi hate mer 2020 ugefaangen an hu mer natierlech misse stoppen.

Dat soll awer an Zukunft weidergefouert ginn, fir datt een och als Kufa besser u säi Publikum erukënnt an d'Programmatioun an och d'Kommunikatioun entspriechend upasse kann.