
Am Kader vum Mois de la photographie, stellt de Daniel Reuter seng aktuell Wierker an der Galerie Nosbaum-Reding aus.
Fir seng éischt perséinlech Ausstellung zu Lëtzebuerg weist de Fotograf Daniel Reuter seng Aarbechten, déi d’Notioune Landschaft, Raum an Uert zesummebréngen, an esou als Erzielung oder subjektiv Erfarung sollen gesi ginn.
Seng Wierker hunn e geografesche Kontext: Island, do wou den Artist deelweis lieft.

D’Ausstellung ass vum 22. Abrëll bis den 12. Juni an der Galerie Nosbaum-Reding ze gesinn.
Den Daniel Balthasar ass ee vun de produktiivste Songwriter zu Lëtzebuerg. Seng Opnamen huet en an de renoméierste Studioen an Europa realiséiert, ë.a. am Abbey Road Studio zu London, an en ass ëmmer nees mat senger Band am In- an Ausland opgetrueden.
Den Unplugged-Concert, deen am Dezember huet mussen ofgesot ginn, gëtt elo am CAPE zu Ettelbréck nogeholl an ass e Freideg 23.4.2021 um 20.30 Auer.
“Schwaarz” ass d’Faarf vun der Molerin Monique Becker, mä schwaarz ass net schwaarz an da ginn et nach déi Kontraster a Schied, déi an d’Grot an an d’Wäisst ginn.

Dat ergëtt e Festival vu Faarf an en intensive Mouvement, mat deem d’Monique Becker dem Visiteur Fräiheet a Liewesfreed vermëttelt.
D’Ausstellung leeft vum 24. Abrëll bsi den 22. Mee.
Mat vill Léift, awer och Humor gëtt am Stéck “Pas un pour me dire merci” e wichtegt Thema opgegraff: psychesch Krankheeten.

Erzielt gëtt d’Geschicht an d’Liewen iwwer 40 Joer vun enger Famill: 3 Kanner, de Papp an d’Mamm, déi psychesch Probleemer huet.
D’Regisseurin Renelde Pierlot an den Auteur Jean Bürlesk hunn dëst Stéck zesumme opgebaut a sech dofir mat ville Betraffenen ënnerhalen.
“Pas un pour me dire merci” gëtt nach den 23. an den 25. Abrëll zu Esch am Theater gespillt.
D’Regisseurin Renelde Pierlot war Invitée an der Emissioun No Art on Air.