D'Zeremonie ronderëm d'Iwwerreechung vun de Brit Awards war wéinst der Pandemie ëm 3 Méint op den 11. Mee verluecht ginn.

4.000 Gäscht däerfen un der Gala an der Londoner O2-Arena deelhuelen. D'Regierung zu London mécht deemno Eescht mat hirer neier politescher Linn, d'Restriktioune lues a lues ze lackeren.

Soubal d'Leit op hire Plaze sëtzen, mussen si den Organisateure vun de brittesche Musekspräisser no keen zousätzlechen Ofstand méi anhalen an och keng Mask droen. Allerdéngs musse si virun der Entrée en negative Coronatest virleeën.

Zu de Kënschtler, déi bei der Zeremonie optrieden, gehéiert d'Sängerin Dua Lipa. Si huet vun engem "haarde Joer" geschwat, dat hannert eis läit, an den "Helden" Merci gesot, déi sech ëm d'Wuel vun de Mënsche gekëmmert hätten. Méi wéi d'Hallschent vun den Tickete fir de Gala soll un d'Mataarbechter vum Gesondheetsministère an aner Mënsche goen, déi sech an der Coronakris besonnesch engagéiert hunn.

De 17. Mee sollen donieft och d'Concertssäll an d'Muséeën an England erëm opmaachen.