De Centre national de littérature (CNL) a Kooperatioun mat der Federatioun vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren geet op eng grouss Liesrees.

Ënnerstëtzt gëtt de CNL dobäi vun enger ganzer Rei vu regionalen a nationale Kulturhaiser a vun der Federatioun vun de Lëtzebuerger Librairen. Vum 4. Mee bis de 4. Juli gi 15 Liesungen an Diskussioune mat Auteuren organiséiert, déi an deene leschte puer Méint e Buch erausbruecht hunn.

Dës Liesrees ass eng flott Geleeënheet, fir d’Literatur zu Lëtzebuerg mat hire ville Facetten a Sprooche kennenzeléieren.

Den Optakt maachen de Guy Helminger an den Tullio Forgiarini de 4. Mee am Kinneksbond zu Mamer mat Auszich aus hire Romaner "Die Lombardi-Affäre" a "Céruse" an engem Gespréich iwwert d’Spill mat Fiktioun a Realitéit, iwwert d’Freed um Erfannen an d’Sich nom Roman vum eegene Liewen.

Dëse Freideg, den 23. Abrëll ass iwwerdeems den internationalen Dag vum Buch an den Auteursrechter.

Den detailléierte Programm vun der Liesrees fënnt een op der Websäit vum CNL an op de Sitte vun de verschiddene Partnerinstitutiounen.