Zënter 2017 stellen Lëtzebuerger Fotografen um renomméierte Fotofestival "Les Rencontres Photographiques" zu Arles aus.

Wärend de Summerméint vu Juli bis September steet an der klenger historescher Stad zu Arles alles am Zeechen vun der Fotografie. D’lescht Joer huet de beléifte Fotofestival missen ofgesot ginn an domat och di Lëtzebuerger Participatioun.

Arles steet fir e Lieu de Renconter fir Professioneller, Artisten an Fotopassionéierter an zitt iwwer 100.000 Leit aus der ganzer Welt un. Renconteren a Pandemieszäite gestallt sech awer méi schwiereg. D’Organisateure vum Festival hunn dofir fir dëst Joer eng ofgespeckte Versioun geplangt, mat manner Ausstellungsplazen a méi Sécherheetsmesuren. Den Ament ass a Frankräich awer nach alles zou – och d’Kultur ass am Stand-by. Ma d’Presidentin d’Florence Reckinger-Taddeï vun der Associatioun Lët'z Arles ass awer ganz optimistesch:

"Mir sinn immens frou an erliichtert. Et goufen esouvill Ongewëssheeten an et sinn der och nach ëmmer do, virun allem wat den Accueil vum Public ugeet. Doduerch datt mir awer an engem eegene Lieu ausstellen, an der Chapelle de la Charité, mat engem grousse Parvis virdrun, léisst eis dat optimistesch bleiwen, datt mir kënne Visitten maachen an de Public gutt empfänke kënnen."

RTL

Chapelle de la Charité, Arles / © Patricia Baum

Di historesch Chapelle de la Charité ass zënter der éischter Participatioun 2017 zu enger fester Plaz fir d’Lëtzebuerger Fotografen ginn. Den Daniel Reuter an d’Lisa Kohl wäerten dann dëst Joer hei ausstellen. Datt d’Editioun 2020 ausgefall ass, huet awer och eppes Positives – nämlech gewonnen Zäit.

"Ech sinn frou, well méi Zäit war, fir de Projet ze verdéiwen an deem Ganzen nach eng Kéier méi op de Fong ze goen." (Lisa Kohl)

"Am Ufank war ech éischter negativ agestallt, wou alles huet missen ofgesot ginn, mee um Enn versicht een dat Negatiivt an eppes Positiivt ëmzewandelen. An dat ass och geschitt an dofir sinn ech elo ganz frou, datt mir nach ee Joer méi haten, fir de Projet ze iwwerschaffen. De Besoin ass elo natierlech nach méi grouss, fir d'Aarbecht ze weisen." (Daniel Reuter)

De Fotofestival bitt den Artisten eng grouss Visibilitéit vun hirer Aarbecht. Kontakter gi geknëppt an nei Projeten oder Collaboratioune kënnen doduerch entstoen. Fir D'Lisa Kohl an den Daniel Reuter ass d'Participatioun also e wichtege Schrëtt an hirer Karriär.

De Fotograf Daniel Reuter
"Providencia"
D'Fotografin Lisa Kohl
"Erre"

"Providencia " vum Daniel Reuter

RTL

Sans Titre, série Providencia / © Daniel Reuter

Den Daniel Reuter presentéiert säi Projet "Providencia", deen hien 2016 ugefaangen huet. De Fotograf, deen tëschent Island a Lëtzebuerg lieft, schafft vill mat schwaarz-wäisse Landschaftsfotografien. Fir dëse Projet wollt hien dann en neien Terrain entdecken. Dofir ass hien an d'Haaptstad vum Chile gereest an huet do e puer Méint verbruecht.

"Ech wollt e bëssen aus der Einöde erauskommen, wat dozou gefouert huet, datt ech an eng Géigend gaange sinn, wou ech erëm méi Gesellschaft gesicht hunn. Dorausser ass déi Aarbecht entstanen a se soll eng Bezeechnung sinn fir deen Deel vun der Stad. Gläichzäiteg ass et awer och eng fiktiv Aarbecht, et dierf ee se also net als eng reng dokumentaresch Serie gesinn."

De Projet ass nom Quartier Providencia am Santiago de Chile benannt, ma gläichzäiteg bedeit Providencia awer och op spuenesch eppes, wat ausserhalb vun der Kontroll vun der Mënschheet läit - am biblesche Sënn.

"Erre" vum Lisa Kohl 

RTL

SHELTER, série Erre / © Lisa Kohl

D'Lisa Kohl interesséiert sech an hirer Aarbecht "Erre", fir e Lien tëschent der Créatioun an der Realitéit ze fannen. Si schafft um Terrain a léiert Leit kennen, déi a précaire Situatiounen liewen. Hir Wierker schwätze vun Themen wéi d'Flucht, Grenzen an den Exil. Dëst si batter Realitéiten, déi si op eng poetesch Manéier an hire Fotoen duerstellt. Wärend hirer Zäit zu Los Angeles huet si sech ënner anerem mat der Problematik vun der US-mexikanescher Grenz auserneegesat.

"Mech huet Tijuana immens interesséiert an ech wollt onbedéngt op déi US-mexikanesch Grenz, fir déi Leit kennenzeléieren an en Echange mat hinnen ze hunn. Et sinn Temoignagen, déi ech opsichen. Wat passéiert awer och an engem selwer, wann een do ass a bemol e reale Bezuch zu hiren Alldags-Situatioune kritt. Alldagssituatiounen, déi net mengen entspriechen. Ech versichen do eben, e sensibelen Ëmgang domat ze fannen an déi Erfarungen an e kënschtlereschen Discours ze integréieren."

RTL

D'Ausstellung vun 2019 mam Claudia Passeri an Krystyna Dul / © Patricia Baum

D'Ausstellungsplaz vun der Kapell ass awer och net déi Einfachst. Duerch hir dominant Architektur an de ville verschidde Reliquien mussen déi zwee Fotografen mam Lieu schaffen, fir hir Wierker gutt ze integréieren an zur Geltung ze bréngen. Eng Contrainte, déi awer gutt opgeholl ginn ass an déi zu neien Erausfuerderunge féiert. D'Wierker wäerten dann och mat extra ugefäerdegten Installatiounen am Raum an Zeen gesat ginn.

RTL

D'Kapell vu bannen / © Patricia Baum

Wéi dat Ganzt sech dann herno an der Kapell presentéiert, dat gesäit ee vum 4. Juli un zu Arles am Kader vun de "Rencontres photographiques". Den Ofschloss vum Fotofestival ass de 26. September an vun Oktober u wäerten déi zwee Projeten dann och, hei zu Lëtzebuerg, an enger Ausstellung zu Esch an der Konschthal gewise ginn.