An Italien gouf d'Maria Ilva Biolcati och nach "La Rossa" genannt, dat wéinst hiren rouden Hoer.

Zulescht huet si am Zentrum vu Mailand gewunnt. "D'Milva war eng staark Interpretin vun italienesche Chansons", huet den italienesche Kulturminister Dario Franceschini matgedeelt.

Si wier op internationale Bünen erfollegräich ginn an hätt ëmmer d'Renommée vun hirem Land héich gehalen.