Déi renomméiert Filmpräisser goufen an der Nuecht op e Méindeg iwwerreecht. Als beschte Film gouf "Nomadland" ausgezeechent.

Gespaant war een och am Grand-Duché. 2 Lëtzebuerger Koproduktiounen ware jo dëst Joer fir en Oscar nominéiert. An der Kategorie "Beschten Animatiounsfilm" goung "Wolfwalkers" (koproduzéiert vu Mélusine Productions) vum Tomm Moore a Ross Stewart an d'Course. Direkt 2 Mol nominéiert war "Collective" vum Alexander Nanau, realiséiert vun ënnert anerem Samsa Film. Dat an de Kategorien "Beschten Dokumentarfilm" a "Beschten internationale Film".

Um Enn sollt et awer fir béid Produktiounen net duergoen, fir e Präis ze gewannen.

Interview mam Stéphan Roelants vu Mélusines no den Oscaren
RTL

Déi lëtzebuergesch Koproduktioun "Wolfwalkers" war an der Kategorie "Beschten Animatiounsfilm" nominéiert / © Melusine Productions

Et war eng verhältnisméisseg roueg Zeremonie ouni grouss Showelementer, déi am Respekt vun de sanitäre Mesuren ausnamsweis an der Union Station, der Gare vu Los Angeles zelebréiert gouf. Genee wei bei de Golden Globes virun e puer Woche war et dem Chloe Zhao hiren naturalisteschen Drama “Nomadland”, eng Fiktioun mat dokumentareschen Zich, déi souwuel den Oscar fir de Beschte Film wéi och déi Bescht Realisatrice konnt gewannen. En drëtten Oscar gouf et fir dësen Independant Film, dee momentan bei eis an de Kinoe leeft, fir seng Haaptduerstellerin Frances McDormand. D’Actrice, déi an hirer Ried en ergräifende Plädoyerer fir de Kinossall gehalen huet, konnt domat fir d'drëtt an hirer Karriär den Oscar vun der beschter Schauspillerin entgéinthuelen.

De Präis fir de beschten Acteur dëst Joer war och gläichzäiteg déi grouss Iwwerraschung vum Owend. De Sir Anthony Hopkins gouf fir seng fantastesch Interpretatioun vun engem Mann, deen Alzheimer huet, am franséisch-britteschen Drama “The Father” belount.

De Netflix Epochendrama “Mank” konnt aus sengen 10 Nominatiounen 2 Oscaren erausschloen an dat fir déi bescht Fotografie a bescht Dekoren.

An der Kategorie beschten Animatiounsfilm waren et wei gewinnt an erwaart Disney a Pixar déi sech mam a mengen Aen dach enttäuschende « Soul » den Oscar séchere konnten, wärend deems déi exzellent, villschichteg an immense emouvant Lëtzebuerger Ko-Produktioun “Wolfwalkers” vu Mélusine Productions zwar nominéiert war, géint de groussen Hollywood Studio awer keng Chance hat.

An der Kategorie beschten Dokumentarfilm huet och wéi vu villen Experten erwaart de “My Octopus Teacher” sech duerchgesat, e wuel erstaunlechen Netflix-Film,  deen d’Frëndschaft tëschent engem Taucher an engem Tëntefësch op ganz sensibel Manéier erzielt, deen awer sécherlech weder d’Urgence nach de sozialen a politeschen Impakt vun der Samsa Film Koproduktioun "Collectiv" huet.

Als beschten internationale Film, eng Kategorie an där "Collective" och nominéiert war, konnt dem dänesche Regisseur Thomas Vinterberg säi ganz emotionalen, witzegen an tragesche Film “Drunk” sech duerchsetzen.

Bei den Oscaren treffe sech déi Schéin an déi Räich, et ass den Event vum Joer zu Hollywood. A mattendra war de Bernard Michaux vu Samsa Film. Déi lëtzebuergesch-rumänesch Koproduktioun "Collective" war souguer den éischten Documentairefilm an der Geschicht vum prestigiéise Präis, deen direkt zwee Mol op eng éischt Plaz hoffe konnt. Och wann et um Enn keen Oscar fir Lëtzebuerg gouf, zitt de Bernard Michaux e positive Bilan vum Owend.

Bernard Michaux: "Et war, mengen ech, einfach déi ganz Erfarung, fir einfach kënnen dobäi ze sinn." Et wär ee scho frou gewiescht iwwert d'Nominatioun. Eleng doduerch kritt esou een Documentaire méi Opmierksamkeet, wat an deem Fall och der Problematik, déi de Film behandelt ze gutt kënnt. Fir den Owend kënnen esou duerchzezéien, goufe verschidde Mesuren en place gesat. Den Ament sinn zum Beispill d'Grenze vun den USA fir Europäer zou, de Bernard Michaux krut eng extra Geneemegung, fir kënnen un der Präisiwwerreechung deelhuelen ze kënnen.

Jidderee gouf vun der Academy déi lescht 10 Deeg, all 2 Deeg getest an déi eenzel Präisiwwerreechunge waren och op verschiddene Plazen, fir d'Leit e bësse vuneneen ze trennen. Um rouden Teppech a beim Entgéinthuele gouf et zwar keng Maskeflicht, dofir awer de Rescht vum Owend an ëmmer dann, wa grad net gedréit gouf. Jiddereen dierft och just eng Begleedung mathuelen.

Nominatiounen a Gewënner 2021 an der Iwwersiicht:

Bescht Schauspillerin

- Viola Davis, "Ma Rainey's Black Bottom"
- Andra Day, "The United States vs. Billie Holiday"
- Vanessa Kirby, "Pieces of a Woman"
- Frances McDormand, "Nomadland"
- Carey Mulligan, "Promising Young Woman"

Beschte Schauspiller

- Riz Ahmed, "Sound of Metal"
- Chadwick Boseman, "Ma Rainey's Black Bottom"
- Anthony Hopkins, "The Father"
- Gary Oldman, "Mank"
- Steven Yeun, "Minari"

Bescht Niewenduerstellerin

- Maria Bakalova, "Borat Subsequent Moviefilm"
- Glenn Close, "Hillbilly Elegy"
- Olivia Colman, "The Father"
- Amanda Seyfried, "Mank"
- Yuh-Jung Youn, "Minari"

Beschten Niewenduersteller

- Sacha Baron Cohen, "The Trial of the Chicago 7"
- Daniel Kaluuya, "Judas and the Black Messiah"
- Leslie Odom, Jr., "One Night in Miami"
- Paul Raci, "Sound of Metal"
- LaKeith Stanfield, "Judas and the Black Messiah"

Beschte Regisseur/in

- Chloe Zhao, "Nomadland"
- David Fincher, "Mank"
- Lee Isaac Chung, "Minari"
- Emerald Fennell, "Promising Young Woman"
- Thomas Vinterberg, "Another Round"

Beschte Film

- "The Father"
- "Judas and the Black Messiah"
- "Mank"*
- "Minari"
- "Nomadland"
- "Promising Young Woman"

*Mat am Ganzen 10 Nominéierunge gëllt d'Netflix-Produktioun "Mank" als Favoritt bei den Oscaren.

Beschten Dokumentarfilm

- “Collective” (Magnolia Pictures and Participant)
- “Crip Camp” (Netflix)
- “The Mole Agent” (Gravitas Ventures)
- “My Octopus Teacher” (Netflix)
- “Time” (Amazon Studios)

Beschten internationale Film

- "Another Round" (Denmark)
- "Better Days" (Hong Kong)
- "Collective" (Romania)
- "The Man Who Sold His Skin" (Tunisia)
- "Quo Vadis, Aida?"(Bosnia and Herzegovina)

Beschten Animatiounsfilm

- "Onward" (Pixar)
- "Over the Moon" (Netflix)
- "A Shaun the Sheep Movie: Farmageddon" (Netflix)
- "Soul" (Pixar)
- "Wolfwalkers" (Apple TV Plus/GKIDS)

Beschten animéierte Kuerzfilm

- "Burrow" (Disney Plus/Pixar)
- "Genius Loci" (Kazak Productions)
- "If Anything Happens I Love You" (Netflix)
- "Opera" (Beasts and Natives Alike)
- "Yes-People" (CAOZ hf. Hólamói)

Beschten "Live-Action"-Kuerzfilm

- "Feeling Through"
- "The Letter Room"
- "The Present"
- "Two Distant Strangers"
- "White Eye"

Bescht adaptéiert Dréibuch

- "Borat Subsequent Moviefilm." Dréibuch vum Sacha Baron Cohen, Anthony Hines, Dan Swimer, Peter Baynham, Erica Rivinoja, Dan Mazer, Jena Friedman, Lee Kern; Geschicht vum Sacha Baron Cohen, Anthony Hines, Dan Swimer, Nina Pedrad
- "The Father," Christopher Hampton a Florian Zeller
- "Nomadland," Chloé Zhao
- "One Night in Miami," Kemp Powers
- "The White Tiger," Ramin Bahrani

Bescht original Dréibuch

- "Judas and the Black Messiah." Dréibuch vum Will Berson, Shaka King; Geschicht vum Will Berson, Shaka King, Kenny Lucas, Keith Lucas
- "Minari," Lee Isaac Chung
- "Promising Young Woman," Emerald Fennell
- "Sound of Metal." Dréibuch vum Darius Marder, Abraham Marder; Geschicht vum Darius Marder, Derek Cianfrance
- "The Trial of the Chicago 7," Aaron Sorkin

Beschte Lidd

- "Fight for You," ("Judas and the Black Messiah")
- "Hear My Voice," ("The Trial of the Chicago 7")
- "Húsavík," ("Eurovision Song Contest")
- "Io Si (Seen)," ("The Life Ahead")
- "Speak Now," ("One Night in Miami")

Beschte Sound

- "Greyhound," Warren Shaw, Michael Minkler, Beau Borders an David Wyman
- "Mank," Ren Klyce, Jeremy Molod, David Parker, Nathan Nance an Drew Kunin
- "News of the World," Oliver Tarney, Mike Prestwood Smith, William Miller an John Pritchett
- "Soul," Ren Klyce, Coya Elliott an David Parker
- "Sound of Metal," Nicolas Becker, Jaime Baksht, Michelle Couttolenc, Carlos Cortés an Phillip Bladh

Beschte Kostümer

- "Emma," Alexandra Byrne
- "Mank," Trish Summerville
- "Ma Rainey's Black Bottom," Ann Roth
- "Mulan," Bina Daigeler
- "Pinocchio," Massimo Cantini Parrini

Beschte Cinematographie

- "Judas and the Black Messiah," Sean Bobbitt
- "Mank," Erik Messerschmidt
- "News of the World," Dariusz Wolski
- "Nomadland," Joshua James Richards
- "The Trial of the Chicago 7," Phedon Papamichael

RTL Zwee an RTL Play hunn de Film "Collective" e Sonndeg, de 25. Abrëll um 20.00 Auer am Original mat däitschen Ënnertitele gewisen. De Replay (3 Versiounen, mat franséischen, däitschen oder engleschen Ënnertitelen) ass bis e Mëttwoch am Play ze gesinn.

Am Virfeld

A praktesch alle Kategorie waren dëst Joer faarweg Acteuren ënnert de Favoritten. Fir d'éischt Kéier waren och zwou weiblech Regisseurinnen nominéiert. Domat stougen déi renomméiert Filmpräisser 2021 am Zeeche vun der Diversitéit. De Manktem an dësem Kontext hat an de leschte Joren ëmmer erëm fir schaarf Kritik un der "Academy" gesuergt.

RTL

D'Chloe Zhao zielt mat "Nomadland" zu de Favoritten / © AFP/File/Charly TRIBALLEAU

D'Campagne #OscarsSoWhite, déi 2015 an de soziale Medie lancéiert gouf, huet ee sech also endlech zu Häerz geholl. 2020 nach war d'Cynthia Erivo déi eenzeg net-wäiss Actrice ënner 20 Nominéierungen. Dëst Joer dogéint hunn de verstuerwenen Chadwick Boseman ("Ma Rainey's Black Bottom"), de schwaarze brittesche Schauspiller Daniel Kaluuya ("Judas and the Black Messiah") an de südkoreanesche Star Youn Yuh-Jung ("Minari") zu de Favoritte gegollt.

D'Viola Davis, déi un der Säit vum Chadwick Boseman am Film "Ma Rainey's Black Bottom" gespillt huet, duerft sech Chancen op en Oscar als "Bescht Schauspillerin" ausrechnen. Déi zu Peking gebuere Chloe Zhao ("Nomadland") huet als sécher Kandidatin fir déi "Bescht Regie" gegollt, wa si sech da géint den Emerald Fennell ("Promising Young Woman") behaapte kann.

D'#MeToo-Beweegung huet iwwerdeems dozou bäigedroen, dass eppes géint déi feelend Presenz vu Fraen a verschiddene Kategorie ënnerholl gouf. Do bleift awer ëmmer nach Loft no uewen.

RTL

E groussen Deel vun der Show gëtt an der Union Station zu Los Angeles ofgehalen / © AFP/VALERIE MACON

Déi 93. Editioun vun der Oscar-Iwwerreechung gouf dëst Joer natierlech anescht wéi gewinnt organiséiert an op verschidde Sitte verdeelt. Wéinst der Pandemie war d'Zeremonie vum 28. Februar op de 25. Abrëll verluecht ginn. E bësse Glamour sollt awer bleiwen, och wann um rouden Teppech net wäert vill lass sinn. Déi nominéiert Stare goufen zu Los Angeles am Dolby Theater an op der Haaptbün am legendäre Gebai vun der Gare Union Station empfaangen. Si hu mussen en negative Coronatest hunn an d'Mask unhalen, soulaang si net virun der Kamera stinn. Duerch d'Show hunn Hollywood-Stare wéi den Harrison Ford, de Brad Pitt, d'Halle Berry an d'Reese Witherspoon gefouert. Déi europäesch Nominéiert, déi net an d'USA reese konnten, goufe vu London a Paräis bäigeschalt.

Reng zueleméisseg war dem David Fincher säin Hollywood-Biopic "Mank" mat 10 Nominéierungen de Favorit. Staark Konkurrenten an der Kinnekskategorie waren awer dem Chloé Zhao säi Gesellschaftsdrama "Nomadland" (6 Nominéierungen) an de Black-Panther-Drama "Judas and the Black Messiah" (6 Nominéierungen).