Zanter dëser Saison huet den Orchestre de Chambre du Luxembourg (OCL) mam Corinna Niemeyer eng nei Chefdirigentin.

Den Orchestre de Chambre du Luxembourg ka sech op ongeféier 40 Museker verloossen, mat deenen den OCL reegelméisseg Concerten zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun opféiert. Vun dëser Saison un huet den OCL eng nei Chefdirigentin an der Persoun vum Corinna Niemeyer. Fir hiren éischte Concert mam Orchester hat de Régis Thill sech fir eis an d'Philharmonie deplacéiert. Hien huet gelauschtert a mat der Cheffin geschwat.

D'Corinna Niemeyer ass eng jonk Dirigentin, déi scho mat international bekannten Orchesteren a mat renomméierten Dirigenten zesummegeschafft huet. Dass si déi ausgeschwriwwe Plaz als Directrice artistique et musicale beim OCL kritt huet, hat och domat ze dinn, dass si d'lescht Joer eng Woch laang konnt mam Orchester prouwen an e Concert spillen.

D'Zesummenaarbecht war deemools fir déi 2 Säite beräicherend, an d'Projeten, déi d'Corinna Niemeyer dem Verwaltungsrot virgestallt huet, hunn och iwwerzeegt, sou dass et kloer war, wien d'Direktioun vum Orchester sollt iwwerhuelen. D'Corinna Niemeyer straalt eng Dynamik aus, déi maträisse kann, an Iddien gëtt et masseweis an hirem Kapp. Si huet lo scho ganz Lëtzebuerg um Programm.

Wien Directrice artistique seet, deen ënnerstellt och, dass d'Corinna Niemeyer kloer Iddien huet, wat fir eng Stécker a wéi engem Zesummenhang solle gespillt ginn.