Enn Juli bréngt déi 19 Joer jonk Sängerin mat "Happier Than Ever" den Nofollger vun "When We All Fall Asleep, Where Do We Go?" eraus.

Ëm d'Billie Eilish ass e grousse Hype entstanen, an dat obwuel si réischt een Album op de Maart bruecht huet. "When We All Fall Asleep, Where Do We Go?" war 2019 en absolutte Bestseller an huet aus der jonker Fra iwwer Nuecht e Superstar gemaach. Bei de Grammy Awards 2020 gouf et dofir Präisser fir den Album vum Joer, de Song vum Joer an déi bescht Kënschtlerin.

Enn Juli bréngt d'Billie Eilish mat "Happier Than Ever" dann elo hiren zweeten Album eraus. D'Fans däerfe sech op 16 Songs mat Titele wéi "Getting Older", "Not My Responsibility", "Everybody Dies" oder "Male Fantasy" freeën. Eng éischt Single soll schonn dësen Donneschdeg verëffentlecht ginn.

"This is my favorite thing i've ever done", huet d'US-Amerikanerin dozou op hirem Instagram-Account geschriwwen. Si wier "gespaant an opgereegt" a kéint et kaum erwaarden, dass hir Fans hir nei Musek ze héiere kréichen. Nach ni hätt si fir e Projet esou vill Léift empfonnt.

Déi ugekënnegt Welttour, déi bannent Minutten ausverkaaft war, huet d'Billie Eilish wéinst der Pandemie mussen ofsoen. Lo hofft d'Sängerin, d'Optrëtter gläich kënnen nozehuelen, dat da mat dem neien Album am Gepäck.