Dat alles gëtt vun elo un de ganze Summer iwwer am Jardin de Wiltz gebueden.

Et kann een e gemittleche Spadséiergang mat engem Concert, och dobaussen, verbannen an d’Liewe genéissen. De Centre socioculturel régional vu Wolz, besser ënnert dem Numm Prabbeli bekannt, versicht, d’Kultur an alle Variatiounen an der Regioun héichzehalen. Dat ass ëmsou méi wichteg wéi deen normale Publikumsmagnéit, de Wolzer Festival, deen aus bekannte Grënn net ass. Dat Ganzt ënnert dem Hutt vu Coopérations ASBL, déi sech och ëm inklusiv Projete bekëmmert.

Matzen an der Natur, am Jardin de Wiltz, léisst et sech gemitterlech Musek lauschteren an chillen. Un d’Wieder hu mer eis an der Tëschenzäit jo gewinnt: wien op enger Terrass iesse kann, dee kann och dobausse live Musek genéissen. E Samschdeg war et den Arthur-Possing-Quartett, deen e Mix aus traditionellem an modernem Jazz ze bidden huet, an natierlech och eege Kompositioune vum Arthur Possing.

A wann ee schonn zu Wolz ass, da soll ee sech d’Expo am Prabbeli net entgoe loossen. "Ruhe!", dat steet net dofir, dass een definitiv zur Rou kënnt.

Wéi geet et weider? Wou geet et hin? Mat Wierker vu Jean-Pierre Ries, Johny Schortgen & Fernand Stumpf. D’Äntwert op déi Froe muss der Iech selwer op Wolz siche goen.