Déi brittesch Musek-Investmententreprise Hipgnosis soll de ganze Song-Katalog fir op d'mannst 140 Milliounen Dollar iwwerholl hunn.

Ëmgerechent sinn dat 116 Milliounen Euro. Dat schreift de Branchemagazin "Billboard", dee sech op anonym Quelle berifft. Dozou gehéieren Hits wéi "Under The Bridge", "Californication" a "Snow (Hey Oh)" vun der US-Alternativrockband.

2018 gouf Hipgnosis gegrënnt an ass och zu London un der Bourse. Zanterhier goufe schonn e puer honnert Milliounen Dollar a Museksrechter investéiert. Am Besëtz vun der Entreprise si Kataloge vun ënner anerem dem Neil Young, Blondie a Shakira an donieft d'Rechter un Dosenden aktuellen Hits wéi dem Ed Sheeran sengem "Shape of You" an dem Bruno Mars sengem "Uptown Funk!".

Den Ament boomt de Kaf vu Songrechter. A ville Fäll wiere schwindelereegend Präisser bezuelt ginn. Sou soll de Bob Dylan säi komplette Verlagskatalog fir 300 Milliounen Dollar un de Museksverlag Universal Music Publishing Group verkaaft hunn. D'Frontfra Stevie Nicks vu Fleetwood Mac soll fir d'majoritär Parten un hirem Katalog 100 Milliounen Dollar kritt hunn.

D'Verkeef erméiglechen et de Kënschtler, direkt u Suen ze kommen - wéinst der Coronapandemie falen d'Recettë vun den Optrëtter jo ewech.