No enger Serie Concerten am Februar, am Kader vun der Initiativ "Because Music Matters", kënnt elo déi nächst Etapp. Den éischte Live-Concert viru Public.

A fir deen Event virun 1.000 Leit steet de Serge Tonnar e Freideg 21. Mee am grousse Sall an der Rockhal op der Bün.

Natierlech ass esou ee groussen Event och u gewësse Konditiounen, respektiv Sécherheetsmesurë gebonnen: Déi néideg Distanz anhalen, Maskeflicht a beim Kaf vum Ticket, ass de Spectateur verflicht, e gratis Antigen-Test bei der Entrée vun der Rockhal ze maachen. Donieft verflicht ee sech och, no 7 Deeg ee weideren Test ze maachen. Dëst garantéiert och de Suivi vun de sanitären Autoritéiten, déi d'Reprise vun de Concerte begleeden.

D'Tickete ginn de 7. Mee um Site vun der Rockhal an d'Vente.