D'Organisateuren hunn éischt Detailer iwwert de Line-up vum bekannte Museksfestival verroden.

Zwee vun den dräi Haapt-Acts sti fest. Als Headliner si bei der Editioun 2022 déi dänesch Rockband Volbeat an d'US-Punkband Green Day mat dobäi.

Ausserdeem wäerte Billy Talent, Royal Republic, Boyz Noize, Trettmann, Broilers, Digitalism, The Distillers, Korn, The Offspring an Danko Jones live optrieden.

Méi Detailer iwwert de genaue Line-up wäerten déi nächst Méint matgedeelt ginn.

2 Joer um Stéck huet de Rock-Festival misse wéinst der Coronapandemie ofgesot ginn. Mat Bléck op d'Impfstrategie erhoffe sech d'Organisateuren allerdéngs, nächst Joer nees Museksfrënn an der Äifel empfänken ze dierfen.

De reguläre Virverkaf vun den Ticketen huet schonn ugefaangen. Entréesbilljeeë vun 2020, déi op dëst Joer iwwerschriwwe goufen, kënnen och fir 2022 nees erneiert ginn.