Mir hunn eng professionell Pianistin begleet a gekuckt, wéi sech hiren Alldag an hir Astellung am leschte Joer verännert huet.

Annuléiert Evenementer hunn dat lescht Joer gepräägt. Dorënner och eng Villzuel vu Concerten, déi ausgefall sinn. Fir professionell Museker e groussen Aschnëtt an hiren Alldag.

D'Cathy Krier ass eng bekannte Lëtzebuerger Pianistin, déi sech iwwert d'Joren och am Ausland en Numm gemaach huet. Mat hirer Musek huet si schonn déi schéinste Säll vun der Welt gefëllt... ma zanter der sanitärer Kris spillt d'Cathy Krier just nach doheem an hirer Wunneng.

Fir trotz der aktueller Situatioun present ze bleiwen an d'Bezéiung mam Public net ze verléieren, huet d'Cathy missen op de virtuelle Kontakt zréckgräifen. Op de sozialen Netzwierker ass si zanterhier ganz aktiv an huet och un Online-Videoprogrammer matgewierkt, beispillsweis u musikalesch ënnerluechte Yoga-Sessiounen. D'Musek hëlt si selwer vun doheem aus op.

Fir d'Cathy Krier veränneren dës Online-Concerten d'Gewunnechten. D'Online-Diffusioun an d'Dematerialisatioun vun der Konscht werfen nei Froen op: Iwwert d'Remuneratioun vun de Kënschtler, eis Bezéiung zu der Kultur a virun allem iwwert d'Relatioun tëscht dem Museker a sengem Publikum.

Och d'Relatioun tëscht de Museksproffen an hire Schüler huet sech verännert. Am Conservatoire hält d'Cathy weiderhi Pianoscoursen, zanter kuerzem ka si hir individuell Coursen och erëm perséinlech halen. D'Coursen am Conservatoire bidden dem Cathy eng gewëssen Erfëllung, genau esou awer och berufflech Stabilitéit a Sécherheet. D'Pianistin probéiert, sech nach net ze vill an d'Zukunft ze projezéieren. Och wa villes ongewëss ass, probéiert si, d'Kris och als Sprangbriet fir nei artistesch Perspektiven ze gesinn. Si probéiert, der Zukunft mat Gedold an Disziplin entgéint ze kucken, ma kann et kaum erwaarden, enges Daags erëm den Applaus vun engem Live-Publikum ze héieren.