Just 36 Joer al war d'Reggae-Ikon Bob Marley ginn. Den 11. Mee 1981 ass hien un Hautkriibs gestuerwen, ma vergiess gouf de Museker bis haut net.

Mat senger Band "The Wailers" gouf hie Mëtt de 1970er Jore weltberüümt. Seng Stëmm wäert a Songs wéi "One Love", "Redemption Song", "Buffalo Soldier", "No Woman, No Cry" oder "I Shot The Sheriff" éiweg weiderliewen.

Seng Hymnen iwwer Fridden, Hoffnung, Kampf an Onzefriddenheet maachen de Bob Marley onstierflech. Net just a senger Heemecht Jamaika mä op der ganzer Welt gëtt hien och haut nach, 4 Joerzéngten no sengem Doud, veréiert.

RTL

© AFP/File/Angela Weiss

Säi leschte Concert huet de Bob Marley den 23. September 1980 zu Pittsburgh ginn, nodeems sech de Kriibs no enger éischter Diagnos am Joer 1977 an erfolleglosem Traitement a sengem Gehier, senge Longen a senger Liewer ausgebreet hat. Och eng alternativ Kriibsbehandlung an Däitschland ass ouni Succès bliwwen. Um Heemwee op Jamaika, wou hien déi héchst Auszeechnung vu sengem Land, den "Order of Merit", kréie sollt, huet sech säin Zoustand verschlechtert, dowéinst ass hien zu Miami gelant, fir sech noutbehandele ze loossen.

"Money can't buy life", soll de Reggae-Museker an der Klinick zu sengem Jong Ziggy gesot hunn, ier hien den 11. Mee 1981 gestuerwen ass. Den 21. Mee 1981 ass hien zu Jamaika an der Géigend vu sengem Gebuertsuert begruewe ginn, zesumme mat senger Gittar - et war e Staatsbegriefnes.

RTL

© AFP/File/Mladen ANTONOV

D'Wailers hu vun den 1960er Joren un dozou bäigedroen, dass sech de Reggae zu engem globale Phänomen entwéckele konnt. Eng Abberzuel u Kënschtler hu sech dovu beaflossen an inspiréiere gelooss, wouduerch dann och nei Museksstiler wéi Reggaeton, Dub an Dancehall entstane sinn.