En Dënschdeg gouf de wichtegste brittesche Musekspräis verdeelt. Virun allem Fraen hunn an der O2 Arena zu London ofgeraumt.

De Präis fir déi bescht brittesch Kënschtlerin goung dëst Joer un d'Dua Lipa. Ma dëst war net den eenzege Brit Award, deen d'Popsängerin krut. Och d'Auszeechnung fir de beschten Album vum Joer goung un déi 25 Joer al Sängerin. Ënner groussem Applaus huet sech d'Dua Lipa an hirer Ried un de brittesche Premier Boris Johnson geriicht mat engem politesche Message: Et war d'Fuerderung no enger besserer Bezuelung fir d'Leit, déi un der Corona-Front kämpfen.

Den Award fir de beschte männleche Solo-Kënschtler krut de Rapper J Hus.

An de béiden internationale Kategorien hunn d'Billie Eilish an The Weeknd ofgeraumt. Ma och d'Taylor Swift ass net eidel ausgaangen. D'Sängerin an d'Songwriterin huet sech den "Global Icon Award" geséchert, en Éierepräis, dee virun hir just de Sir Elton John, Robbie Williams an David Bowie kruten. D'Newcomerin vum Joer 2021 ass d'Arlo Parks.

De Choix vun der Jury ass iwwerdeems op Haim als bescht international Grupp gefall a Little Mix goufen an der Kategorie bescht brittesch Band ausgezeechent.

Am Géigesaz zu de leschte Jore konnte sech dës Kéier bal nëmme Kënschtlerinnen duerchsetzen.

Wéinst der Coronapandemie goufen d'Brit Awards an engem méi klenge Kader iwwerreecht. 4.000 Plaze vun den 20.000 goufen dëst Joer beluecht. Als grousse Merci un d'Personal aus dem Gesondheetswiesen duerften 2.500 Mënschen, déi a systemrelevante Beräicher schaffen, live mat dobäi sinn. Déi meescht vun hinne sinn am nationale brittesche Gesondheetsdéngscht (NHS) täteg, ma och Sozialaarbechter a Proffe goufen agelueden.

De ganzen Owend iwwer goufen d'Hygiènesmesurë streng agehalen. Alles gouf grëndlech desinfizéiert, d'Spectateuren duerfte just aus dem Groussraum London ureesen an en negatiivt Test-Resultat war och Flicht.