D'Organisateure vum Atelier an der Coque hu sech zesummegesat an un engem gemeinsame Projet geschafft.

Entstanen ass eng nei Serie Open-Air-Concerten, déi fir de spéider Summer geplangt sinn.

Mam "POND Eclectic" kommen deemno och nees d'Live-Showen zeréck an de Grand-Duché.

Eng ganz Serie Concerte sinn dofir virgesinn, an dat an engem neien, urbane Kader um Kierchbierg am Amphitheater Park. Bis zu 300 Leit hunn do Plaz. A souvill sief schonn emol verroden, Headliner ass déi brittesch Indie-Rockband "White Lies", déi am September nees de Wee op Lëtzebuerg fannen.

Ma och aner Museker, wéi de Sing- a Songwriter José González, den däitsche Sänger Olli Schulz oder nach déi franséisch Pop- an Discoband L’Impératrice wäerten am Amphitheater op der Bün stoen.

De Virverkaf fir déi 4 Concerte start de 27. Mee um 11 Auer. Méi Infoe fënnt een op www.atelier.lu an op www.coque.lu.

RTL.lu gëtt Iech awer och d'Geleeënheet, fir gratis mat derbäi ze sinn. Wat musst Dir dofir maachen?
Schéckt einfach eng SMS mam Stéchwuert "POND Eclectic" an Ären Numm an E-Mail-Adress op de 62468 (0,50 € / SMS) a gewannt Är 2 Ticketen.

Vill Gléck!