E Freideg den Owend mam Serge Tonnar
Éischte Pilot-Concert mat maximal 1.000 Leit an der Rockhal
E Freideg den Owend dierfe bis zu 1.000 Leit de Serge Tonnar an d'Rockhal kucke goen.
Am Februar hat d'Rockhal am Kader vu "Because Music Matters" eng Serie Concerten ugebueden. Erlaabt waren awer nëmmen 100 Spectateuren. Dat soll sech dann e Freideg den Owend fir d'éischte Kéier änneren, wann de Serge Tonnar op der grousser Bün steet.
1. Pilot-Concert an der Rockhal mam Serge Tonnar (21.5.21)
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Donieft gëtt dësen Testconcert vun de sanitären Autoritéite begleet, fir ze kucken, wéi erfollegräich de Projet ënner strengen Oploen ofleeft. Ënner wéi enger Form wäert dat Ganzt stattfannen a wéi fillen sech déi Bedeelegt, endlech nees Concerte viru gréisserem Public spillen ze dierfen? Mir ware bei der Generalprouf dobäi.
Am meeschte gelies