Dat ass d'Devise vum Veianer Konschttour. Nodeems d’Editioun vu leschtem Joer huet missen ofgesot ginn, ass d’Offer dëst Joer nach erweidert ginn.

De Konschttour geet net just duerch Veianen, nach 4 aner Uertschafte si mat dobäi mat enger kompletter Streck vu 35 km.

47 Kënschtler aus Lëtzebuerg an aus der Groussregioun stellen op insgesamt 25 verschidde Plazen aus. Den Trëppeltour an a ronderëm Veianen bitt um Päischtweekend d’Méiglechkeet Konscht, Gastronomie a Musek mateneen ze verbannen. D’Regioun, di vill duerch de Wandertourismus gepräägt ass, wëll awer och um Niveau vun der Kultur a Beweegung bleiwen. De Konschttour gëtt all Joer vun der a.s.b.l. Viart organiséiert.

Marie-Josée Kerschen – Organisatrice vum Konschttour Veianen: „Mir hunn eng Virstellung vu Veianen als Kulturstad an mir schaffen staark dorunner. E puer Kënschtler hunn sech schonn hei zu Veianen ugesidelt an mir geréieren och eng Konschtgalerie vu Mäerz bis Oktober wou mir qualitativ héichwäerteg Ausstellungen organiséieren.“

Zu Veianen, Biwels,  Stolzebuerg an an den däitschen Uertschaften Gemünd an Ruet kann ee vun de kulturellen Offeren profitéieren. Konscht op de gewinnten an ongewinnte Plazen weisen: Onkomplizéiert an accessibel – och dat mécht de Konschttour aus. Sou och zu Stolzebuerg wou de Fotograf Gery Oth seng Wierker an der Kierch weist.

Gery Oth - Fotograf: „Dee klasseschen Konschtbetrib deen ass amgaangen sech ze änneren an ech mengen de Konschttour ass eng Äntwer op eng Recherche vu Leit di einfach soen mir machen Konscht di mir wëllen deelen. Et soll net just fir en ausgesichte Publikum sinn, mee et soll och fir Leit sinn di hei wunnen. Et leiert een duerch d’Installatiounen vill Leit kennen an et kann een sech gutt vernetzen. An et ass dat wat de Konschttour ausmécht.“

Ob ze Fouss, mam Vëlo, Motorrad, Auto oder Bus. De Konschttour bitt och Päischtméindeg nach vill Méiglechkeeten, d’Kultur an der Regioun Veianen ze entdecken.