E Mëttwoch hunn d'Organisateure vum grousse Museksfestival an der Äifel den 3. Headliner an nei Live-Acts annoncéiert.

An do dierft fir all Musek-Goût eppes mat dobäi sinn, vum däitsche Rapper Casper, der Techno- an EDM-Band Scooter bis hin zu de Gewënner vum Eurovision Song Contest 2021 Måneskin.

Ausserdeem goufen 100 gecs, Beatsteaks, Bullet For My Valentine, Deftones, Devin Townsend, Die Kassierer, Don Broco, Donna Missal, Fever 333, grandson, Jan Delay & Disko No. 1, Kodaline, Lewis Capaldi, Marteria, Masked Wolf, Serious Klein, Skynd, Spiritbox, SSIO, The Murder Capital, Toxpack, Unprocessed a You Me At Six fir de Line-up nächst Joer annoncéiert.

Am Virfeld goufe schonn déi aner 2 Headliner ugekënnegt, nämlech Green Day a Volbeat. Fir Stëmmung suerge wäerten definitiv och Broilers, Airbourne, Royal Republic an The Offspring.

Wéinst der Pandemie huet de Rock am Ring 2020 an 2021 missen ofgesot ginn. Vum 3.-5. Juni 2022 ass awer virgesinn, dass Museksfrënn nees zesummen um Nürburgring feieren, sangen an danze kënnen.