D'Initiativ "Fieldlab" huet 24 Pilot-Veranstaltungen tëscht Februar a Mee 2021 ausgewäert mat insgesamt 60.000 Spectateuren.

Dorënner Futtballmatcher an den Eurovision Song Contest zu Rotterdam. Begleet goufen dës gréisser Evenementer vu Wëssenschaftler. Aus den Donnéeën, déi een am Kader vun dësen Experimenter gesammelt huet, gouf eng gréisser Untersuchung an d'Weeër geleet. Am Fokus stoung d'Risiko-Matrix, also d'Infektiounslag an d'Zort vu Veranstaltung. Jee no "Risiko-Stuf" goufen et extra Hygiènesmesuren.

Dobäi koum "Fieldlab" zur Conclusioun, dass dëse Summer nees gréisser Events wéi Concerte kéinten organiséiert ginn, an dat ouni gréisser Aschränkungen. De Pieter Lubberts vu "Fieldlab" huet AFP géintiwwer esouguer gesot, dass hien et fir méiglech hält, dass vill Festivalle bei maximaler Auslaaschtung kéinte stattfannen.

Wat d'Infektiounslag besser ass, wat manner Sécherheetsvirkéierunge mussen agefouert ginn. En negative PCR-Test an eng gutt Kommunikatioun géingen an deem Fall duergoen, sou "Fieldlab". Zil war et, no alternative Virsiichtsmoossnamen ze sichen, fir dass een net onbedéngt den Ofstand stänneg anhale muss, sot nach de Lubberts.