Den US-amerikanesche Sänger B.J. Thomas, bekannt fir säi Lidd "Raindrops Keep Fallin' on My Head" ass dout.

Dat huet de Management vum Sänger e Sonndeg matgedeelt. De fënneffache Grammy-Gewënner ass e Samschdeg bei sech doheem zu Arlington, Texas, mat 78 Joer un de Suitte vun enger Kriibserkrankung gestuerwen.

De Billy Joe Thomas ass 1942 zu Hugo, Oklahoma, op d'Welt komm an hat an de 60er a 70er Jore eng sëllegen Hits an den USA, ënner anerem de Welthit "Raindrops Keep Fallin' on My Head" (1969). Fir dat Lidd, dat den Thomas fir d'Westernkomedie "Zwei Banditen" mam Paul Newman a Robert Redford gesongen huet, krut hien iwwregens en Oscar.